Témoignage de l'infirmière luxembourgeoise Tessy FAUTSCH
25/01/10 - Haïti :
Moien
Ech sinn gutt zu Haiti ukomm, an hunn elo och schonns den éischten Dag am Spidol Choscal hannert mer. Haut (Samschden) fänken ech mat den Nuetsschichten un. Deeër maachen ech wahrscheinlech 2, an dann geet et erëm weider mat den Dagesschichten.
D' Zerstéierung an der Stad gesäit een iwwerall: dat impressionant ass dat een een Haus huet, wat komplett an den nach relativ onzerstéiert sinn. De Bureau vun MSF steet nach, an esou och nach déi zwee aner Haiser wou di international MSF Leit dra sinn. Et gesäit een vill Leit déi sech op verschiddenen Uerter regruppéiert hunn, déi net wëssen op se iwwerhaapt an hier Haiser zeréck goe kënnen.
Wat de Geroch ubelaangt hat ech mech op Schlëmmeres gefaas gemaach.... dat eenzegt wat ech bis elo gericht hunn, ass Feier wann d'Leit hiren Dreck an den Stroossen verbrennen...et hëlleft wahrscheinlech dat ech den Schnapp hunn ...
Am Spidol ass vill Aarbescht: Déi meescht Patienten leien baussen ënnert Folien aus Plastik oder an Zelter, well se fäerten an engëm Gebai mussen ze schlofen. Souguer wann se vun Architekten als sécher gëllen. Patienten huet een iwwerall wou een hikuckt. Ech hunn nach ni esou vill Leit mat Amputatiounen gesinn. Vill Mënschen hunn eent oder déi zwee Been amputéiert kritt, anerer een Aarm. Dat kennt dovun dat sech bei enger offener (oder och zouenner) Fraktur alles infizéiert, well d' Leit ze spéit an d’Spidol komm sinn, oder well en se net éischter konnten en Léisung....
Gëschter hunn ech mat enger schwedescher Infirmière geschafft. Mir hunn eis ëm Patienten gekëmmert déi no der Chirurgie an der Reanimatioun woren respektiv nach emol hu missten operéiert ginn. An engem Fall haten d’Chirurgen probéiert ee Been ze erhalen, wat dann awer net geklappt huet. Mir hunn an dësem Beräich zesummen mat 2 Haitianeschen Infirmieren geschafft, Verbänn gewiesselt Medikamenter ginn... ech hu schon schonns laang net méi esou vill 'richteg' Infirmière Aarbecht gemaach ;-) Et war een interessant an gutt gefëllten Dag. Elo ass Schichtewiessel, ech ginn dann elo e bëssen schlofen, dees d’Operatiounssäll di ganz Nuecht viru fonctionnéieren...
Tessy Fautsch, Port-au-Prince, Haïti, 23ten Januar 2010
Toute l'actualité de MSF en Haïti
Découvrez nos lieux d'intervention à Haïti
